Op den Inhalt sprangen

Haaptsäit

Vu Wikipedia
Wikipedia

Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!

Am Moment gëtt et 67.924 Artikelen an 108 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.

Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!

Wousst Dir schonn, datt…

  • … vun den ursprénglech op d'mannst 14 Tierm vun der Iechternacher Stadmauer der 5 erhale sinn an a Wunnengen ëmgebaut goufen?
  • … dem Alfred Hitchcock säi Film Rope esou opgeholl gouf, wéi wann en aus enger eenzeger Astellung bestoe géif?
  • … den Henri Tudor (1859-1928), deen deen éischte brauchbare Bläiakkumulator erfonnt huet, u Bläivergëftung gestuerwen ass?
  • … d'Republik Andorra zwéi Staatscheffen huet, nämlech de franséische President Emmanuel Macron an de Josep-Lluís Serrano Pentinat, Bëschof vu La Seu d'Urgell?

Artikel vun der Woch

Gebai vun den Assurances sociales
Gebai vun den Assurances sociales

D'Ufäng vum Wuelfaartsstaat zu Lëtzebuerg kënnen am fréien 20. Joerhonnert festgemaach ginn. Zu enger Zäit an där d'Lëtzebuerger Ekonomie vun der Siderurgie dominéiert gouf, huet sech d'Regierung Eyschen mat der Aféierung vun der Sozialversécherung um soziale Modell vum Däitsche Keeserräich, um sougenannte Bismarck-Modell, inspiréiert an dësen zu Lëtzebuerg agefouert: Fir d'éischt d'Krankeversécherung (1901) an d'Aarbechtsonfallversécherung (1902), eppes méi spéit och d'Invaliden- an d'Renteversécherung (1911).

An den 1950er an 1960er Jore gouf de Sozialversécherungssystem non an no och op Aarbechter, Employeuren a Selbstänneger ausgedeent. Gläichermoosse war och den Agrarsecteur vun dëser Erweiderung betraff. An den 1960er an 1970er Jore koum et am Renten- a Gesondheetssystem zu weidere Reformen. Besonnesch am Rentesystem huet dëst zu enger Standardiséierung vun den Uspréch an der Finanzéierung vun der Rent gefouert. Gläichermoosse koum et zu enger Verbesserung vun de Rechter fir Preretraitéierter. D'Verantwortung vun der Organisatioun vum Lëtzebuerger Sozialsystem louch zu där Zäit virun allem beim Patronat an den Aarbechter, déi déi entspriechend Fonge verwalt hunn. Zënter den 1970er Jore bedeelegt sech och de Staat un der Finanzéierung vun dësem System. D'1980er an 1990er Jore goufe vun déif gräifenden Harmoniséierungsprogrammer gepräägt... > méi

Op engem 14. September

Net den Datum vun haut? Klickt hei fir Äre Cache eidel ze maachen oder mellt Iech un!
Méi iwwer: … de 14. September… soss en Dag2026

Kierzlech Verstuerwen

Péil Schlechter
Péil Schlechter

Éischter am Joer - änneren

E Bléck op…

München; d'Frauenkirche an d'Neit Stadhaus.

Aner Wikimediaprojeten

Meta-WikiMeta-Wiki– Koordinatioun CommonsCommons– Medien WiktionaryWiktionnaire – Dictionnaire WikibooksWikibooks – Léierbicher WikiquoteWikiquote – Zitater WikiversityWikiversity – Léierplattform WikisourceWikisource – Quellen WikinewsWikinews – Noriichten WikidataWikidata – Wëssensdatebank WikivoyageWikivoyage – Reesguiden MediaWikiMediaWiki – MediaWiki-Software WikispeciesWikispecies – Datebank fir Liewewiesen WikifunctionsWikifunctions – Funktiounsbibliothéik